Dat dänescht Kinnekshaus huet änlech Mesurë wéi aner Monarchen an Europa decidéiert an entzitt 4 Prënzekanner den Titel.

Als offizielle Grond huet den dänesche Palais e Mëttwoch matgedeelt, dass dës 4 vun 8 Kanner vun der Kinnigin Margrethe II. hirem jéngste Fils Joachim esou e méi normaalt Liewe kënne féieren.

De Prënz Joachim huet 4 Kanner aus 2 Bestietnesser, déi tëscht 10 an 23 Joer al sinn. Vum 1. Januar 2023 un hu si just nach den Titel Grof, respektiv Gräfin vu Monpezat. Den Titel Prënz a Prinzessin vun Dänemark fält ewech.

D'Mamm vum Prënz Joachim hirem eelste Bouf, d'Gräfin Alexandra von Frederiksborg, huet sech géintiwwer den dänesche Medie "schockéiert" gewisen iwwert d'Decisioun. "Dat koum esou plëtzlech. D'Kanner fille sech ausgeschloss", sot si der dänescher Zeitung "B.T.". D'Kanner - de Prënz Nikolai (23) an de Prënz Felix (20) - kéinten net verstoen, wisou si hir Identitéit ewechgeholl kréien, sou nach déi éischt Fra vum Prënz Joachim. Si géing net eleng mat där Meenung do stoen, si géif och am Numm vum Prënz Joachim senger zweeter Fra Prinzessin Marie schwätzen.

Allgemeng ass et ewell en Trend a ville Kinnekshaiser. Esou géing ee sech déi zukünfteg Popularitéit vun der kinneklecher Famill sécheren, erkläre Royals-Experten. Et hätt och domat ze dinn, datt et besonnesch a grousse Kinnekshaiser onendlech vill Prënzen a Prinzessinne ginn, iergendwou misst een eng Grenz zéien.

De Prënz Joachim weess iwwregens schonn zanter dem 5. Mee 2022 vun der Decisioun vu senger Mamm, heescht et aus dem dänesche Kinnekshaus.