A verschiddenen europäesche Länner ginn et Pläng, fir d'Nuetszich nees opliewen ze loossen.

Et ass wuel kamoud, wann een owes den Zuch hëlt, et schléift een a senger Kabinn a moies kënnt een da gutt ausgeschlof op senger Destinatioun matten an der Stad un. Den Nuetszuch mécht dat méiglech. Bis virun enger Rei Joren ass den Nuetszuch souguer bis op déi Stater Gare gefuer. Ma nodeems d'Bëlleg-Airlinen ëmmer méi Succès haten, goufe vill vun dëse Connectioune gestoppt.

Ma elo ginn et a verschiddenen europäesche Länner Pläng, fir dës Aart a Weis ze reesen nees opliewen ze loossen, an dat mat héich modernen Zich. Ma Lëtzebuerg riskéiert hei net als Arrêt virzekommen. Och wann ee Gespréicher mat der Bunn vun eisen Nopeschlänner hätt, ginn et nach keng konkret Pläng.

De Chrëscht Beneké huet nogefrot firwat a wollt selwer wësse wéi et ass, eng laang Streck, nämlech vu Barcelona op Lëtzebuerg, mam Nuetszuch ze bewältegen. An dat direkt mat der ganzer Famill.