E Wierk vum Sculpteur Martin Jennings, dat vum King Charles III. perséinlech ofgeseent gouf, kënnt an Zukunft op eng nei Extramënz a Groussbritannien.

E Freideg gouf déi nei Mënz offiziell der Ëffentlechkeet presentéiert. Bei den éischte Geldstécker, op deenen de Portrait vum neie Kinnek gepräägt sinn, handelt et sech ëm eng Spezial-Editioun vun enger Fënnef-Pond-Mënz, déi un d'Liewe vu senger Mamm der Queen Elizabeth II. sollen erënneren. Si sollen an de kommende Méint an den Ëmlaf kommen. Virgesinn ass am Dezember, wéi Royal Mint, den Institut fir Mënz ze prägen, matgedeelt huet.

De brittesche Sculpteur Martin Jennings huet de Portrait mat Hëllef vun enger Foto kreéiert. Et wier dat klengste Wierk, dat hie jee gemaach huet. Et géif hien "demüteg" maachen, wann hie sech virstellt, dass dëse Portrait vun elo un iwwer Joerzéngten d'Mënsche weltwäit gesinn an an der Hand hale wäerten.

Sou wéi et d'Traditioun verlaangt, kuckt den Charles no lénks. Seng Mamm huet op de Mënz an déi entgéintgesate Richtung gekuckt. Op den neie Mënz ass dann och de latäinesche Schrëftzuch "King Charles III, by the Grace of God, Defender of the Faith".

Op der Récksäit vun der Fënnef-Pond-Extramënz wäerten 2 Portraite vun der Queen ze gesi sinn. D'Elizabeth II. ass den 8. September no 70 Joer um britteschen Troun gestuerwen. Wéi de Royal Mint Museum nach wësse gedoen huet, ass keen anere brittesche Monarch op esou ville Mënz ze gesi wéi si.