Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Stand-up Comedy, Sangen a Songwriting an 30 Joer "Moof".

De Gregory Melmer bréngt d'Leit gär zum Laachen. Ob an der Ligue d'impro oder als Comedian beim "Festival du rire", deen dëse Samschdeg am "Aalt Stadhaus" zu Déifferdeng organiséiert gëtt.

RTL

Et ass déi 3. Editioun vun där Soirée mam Alex Monteiro, Ben Is, Sofiane Ettaï, Rach Calame a Julien Strelzyk zu Gonschte vun der "Fondation Cancer". De Gregory huet 2008 seng éischt Schrëtt op enger Bün a Kanada gemaach, bis hien d'lescht Joer mat Stand-up Comedy ugefaangen huet, nodeems hien an enger Masterclass mam Shirley Souagnon war.

RTL

Den Dennis Mansfeld war am Fréijoer an am Summer mam Sarah Connor op Tournée, a säin aktuelle Video heescht "I wish I was a DJ". De Sänger, deen zu Hamburg gebuer ass, an zu Mallorca opgewuess ass, hält et ni laang op enger Plaz.

RTL

Seng Reesen haten ëmmer mat Musek ze dinn. Zu London war hie Stroossemuseker, zu New York huet hien als Session-Sänger a Songwriter geschafft a gelieft. Aus enger Tournée mam Bonny Tyler ass leider näischt ginn, awer dëst Joer gëtt säi Joer mat villen eegene Projeten.

RTL

Den Alex Heyar feiert mat "Moof" 30 Joer Rockgeschicht. An der Original-Besetzung sti si e Samschdeg zu Éilereng am Kulturschapp zesumme mat de Kneipenterroristen op der Bün, an de 17. Dezember ass MooFest an der Rockhal, wou schonn d'Preparatioune lafen, a wou sech och nach Bands kënne mellen, déi dann och fir d'Thierry Van Werveke Fondatioun spillen.

RTL

Am Dezember kënnt en neie Video vu Moof eraus, deen an der Rockhal mat Rocklab opgeholl gouf an duerno gëtt virun un der neier CD geschafft.

RTL