Am Mee 2022 huet de Raymond Bernard säi Buch "Die Besonderheiten der Etikette" erausbruecht. Wéi den Numm et verréit, geet et virun allem ëm d'Etikett.

Ma am Buch fënnt een och eng ganz Partie Anekdoten aus dem Raymond sengem Beruffsliewen als Intendant bei der groussherzoglecher Famill.

De Raymond Bernard gehéiert sécherlech net zu deenen, déi et ëmmer einfach haten. Säi Liewe laang war hie schwéier krank, dem Doud méi ewéi eng Kéier ganz no. Duerch Zoufall ass hien a jonke Joren a Kontakt mat der Cour Grand-Ducale koum. Eng gutt Séil vun do, déi hien net direkt mam Numm nenne wëll, huet him gehollef an hie bei verschidden Dokteren uechtert d’Welt geschéckt.

Um Wee, fir e Medezinner ze fannen, deen him hëllefe kéint, krut de Raymond en Abléck an eng Welt, déi him bis dohin nach friem war. Et geet ëm déi vun deene Schéinen a Räichen. De Kontakt zu deene Leit, déi hien do kennegeléiert huet, ass ni verluer gaangen. Fir en Deel vun dësem Ëmfeld ze bleiwen, huet de Raymond vun 1974 bis 1978 d'Etikett a verschiddene Länner geléiert.

Am Alter vu 16 Joer gouf de Raymond Bernard an de Palais Grand-Ducal bestallt, fir säin éischte Schwalbenschwanz unzemoossen. Allerdéngs war him esouguer de klengste Kostüm deemools nach vill ze grouss. "Ech hunn dem Grand-Duc Jean no missten an esou eng Uniform erawuessen, dass ech Mann genuch war, fir do dierften ze hëllefen." Dat war d'Konditioun un de Raymond, déi den deemolege Grand-Duc a Regisseur vum Haff gestallt hunn, éier hien dem offizielle Service bäitrieden dierft.

Am Mee 1975 war et dunn esou wäit an de Raymond gouf gefrot, fir wärend zwou Stonnen am Service am Palais ze hëllefen. Zu dësem Ablack hat hien eréischt 17 Joer. Bis dohi wosst hien zwar schonns vill iwwer d'Etikett, hat duerch seng Krankheet a seng Reesen awer schoulesch ëmsou méi verpasst. U sech wosst den Här Bernard scho fréi, dass hien e Serveur wollt ginn, mee wollt sech trotzdeem nach weiderbilden. Tëschent 1975 an 1986 huet de Raymond seng Schoulen an Owescoursen nogeholl, zousätzlech Diplomer gemaach a kuerzzäiteg och emol an engem Kleedergeschäft an op enger Bank geschafft.

1980 krut hie seng éischt Uniform an 1987 seng Gala-Uniform aus dem Palais mat heem. Esou war hien offiziell vun der groussherzoglecher Famill als sougenannten Intendant agestallt. Vun 1987 bis 2019 war et seng Tâche, fir sech ëm all déi Leit, déi fir d'Cour Grand-Ducale geschafft hunn, ze këmmeren. Just fir d'Personal, dat vun der Hotelschoul agestallt war, war hien ni responsabel. "Mir haten ee Moment dräi Hotelschoulproffen an ab und zu Schüler, déi mat ons de Service matgemaach hunn. Haaptsächlech Nationalfeierdag, Staatsvisitten an extern Fester."

Ma den Här Bernard huet net nëmmen zerwéiert, mee virun allem och organiséiert. Un dat gréissten Iessen, un deem hie jeemools matgeschafft huet, erënnert hie sech gutt. "Et war riseg. Do si mer verdeelt gewiescht mat esou klengen Chippen (am Ouer), wou mer konnte matenee schwätzen an esou. A mir hunn et fäerdegbruecht, 6.500 Leit an Zäit vun 2 Minutten an 10 Sekonne mat engem Teller um Dësch ze versuergen."

An der Tëschenzäit ass et beim Raymond Bernard méi roueg ginn. Um Haff ass hien net méi täteg, gëtt dofir awer nach Schoulungen iwwer d'Etikett a geet geleeëntlech och nach zerwéieren. Säi Wëssen a seng Erfarungen huet den Här Bernard a sengen Tagebicher festgehalen. Baséierend op deenen huet hie säi Buch "Die Besonderheiten der Etikette" geschriwwen, dat am Mee 2022 erauskomm ass. Nieft allen Anekdoten aus sengem beruffleche Liewen, déi de Lieser am Buch fënnt, geet et him virun allem ëm d'Etikett an hie géing sech freeën, wann et eng Schoul-Recommandatioun, fir ze liesen, kéint ginn.