Wärend der Pandemie huet et op eemol geheescht, de Café des Artistes géif net méi opgoen. De François Quintus hält op.

E Schock fir verschidde Clienten, dobäi ass dëst e Kult-Café, deen et schonn éiweg gëtt. Ma d'Fans dierfen nees opootmen, de Café huet leschte Freideg seng Dieren, ënnert enger anerer Leedung, nees opgemaach.

Si sinn zu 4, si si jonk an hunn zesummen e Kult-Café iwwerholl. Déi 4 Associéë si sech bewosst, dass se hei virun enger gréisserer Erausfuerderung stinn, fir déi al Lëtzebuerger Traditioun ze erhalen.

Et war 1966, wou dem François Quintus seng Mamm de Café an d'Liewe geruff huet. Eent vun de Markenzeeche waren d'Käerzen, déi deemools an de 60er dohi gestallt goufen, well eng länger Zäit kee Stroum do war, ma de François Quintus hat se bäibehalen. Déi jonk Generatioun ännert och hei näischt drun, an awer e puer Ännerunge sollen et ginn, esou den David Steichen. De Café bleift esou wéi e war a wéi d'Clientèle e gewinnt war.

Keng einfach Zäit fir de François Quintus, ëmmerhin huet hie praktesch säi ganzt Liewen do verbruecht, fir d'éischt als Kand mat senger Mamm an dunn 1977 huet hien de Café iwwerholl. Ma elo no sou ville Joren deet dat natierlech wéi, eppes opzeginn oder besser gesot ofzeginn.

An awer ass de François Quintus gudder Déng, villes gouf am Virfeld mat him ofgeschwat, esou ewéi och eng zukünfteg Terrass, déi ee bis ewell nach net ze gesi krut.

Am grousse Ganzen eng Erausfuerderung fir déi nei Ekipp an en Neistart fir de François Quintus, deen elo schonns seng Pläng huet an d'Liewen nach méi genéisse wëll.