Déi eeleft Editioun vum Luxembourg Sustainability Forum ass de 6. Oktober 2022 an der Luxexpo an am Livestream op RTL.lu.

Dass a Saache Klimaschutz endlech méi muss geschéie wéi bis elo, schéngt ville Mënsche kloer ze ginn. Laang Zäit gouf dës Fro ëmmer rëm verréckelt, elo musse Léisungen hier. A grad des ökologesch Erausfuerderunge sinn Thema bei der 11. Editioun vum »Luxembourg Sustainability Forum», déi den 6. Oktober an der LuxExpo parallel zur KlimaExpo 2022 ass.

Wéi kann een déi aktuell Zréckhalung a Saache Klimaschutz iwwerwannen. Wat kënne Privatleit, Entreprisen a Regierunge konkret ënnerhuelen? A wéi eng positiv Beispiller, aus deenen ee léiere kann, ginn et? Heiriwwer tausche sech Experten aus der ganzer Welt op dësem Forum zu Lëtzebuerg aus.

Dir kënnt den IMS Forum live am Stream suivéieren.

Den Oflaf vum Programm fannt dir hei: