De Show-Owend ass an der Tëschenzäit e fixe Rendezvous fir Moud-Enthusiaste ginn. Och leschte Samschdeg war d'Hall Fondouq zu Diddeleng gutt gefëllt.

Iwwer zwou Stonnen hu siwen Designer hir aktuellst Kollektioune presentéiert. Mat dobäi waren ënner anerem déi litauesch Designerin Egle Ozyte, d'Schongdesignerin Anushka Prakash (Moajaza) an den Designer a Stylist vun "Danse avec les stars" Guy Fabrice Sullivan (ZAADY).

Lancéiert gouf d'Show vum Tessy Antony de Nassau a Milli Maier, déi elo fir déi drëtt Kéier mat hirer Mark "Human Highness" bei der Fashion Week dobäi waren. Fir anerer war de Samschdegowend eng Première, esou och fir d'Francine Keiser, déi jorelaang als Affekot geschafft huet, éier si du Moud op Paräis studéiere gaangen ass an am Abrëll 2022 hir eege Mark, Francini_K lancéiert huet.

Dës 4. Editioun sollt och e Liicht op nohalteg Moud geheien. Dofir waren d'Designer Audrey Schoepfer (Hermana Clothes) an Daniel Tarazona invitéiert, déi sech allen zwee op "Upcycling" konzentréieren an Deel vum weltwäite "Fashion Revolutioun"-Mouvement sinn. Dës gemengnëtzeg Organisatioun konzentréiert sech ënner anerem op ëmweltfrëndlech a ressourcëschounend Praktiken an der Moud.

D'Luxembourg Fashion Week leeft nach bis den 9. Oktober. Sou laang kann een am Fashion & Design Concept Store zu Diddeleng d'Kollektiounen, déi wärend der Show gewise goufen, gesinn a kafen.