Een Dramhaus, een Dram-Mann oder eng Dram-Vakanz. Mat deem klenge Superlativ léist sech esou munches wiertlech an eng aner Welt hiewen.

Kennt dir dann och dee Begrëff "Dram-Schläif", "Traumschleifen" op Däitsch, oder nach "Dream Loop" op Englesch.

Dat ass keen Term aus der Medezin oder aus dem Metaphyseschen, nee,  et ass ganz einfach eng Auszeechnung fir ee Wanderwee. 114 Traumschleifen ginn et am Ganzen, dat am Raum Saar-Hunsrück an dovunner 3 Stéck hei am Land. Eng dovunner féiert duerch den Dall vun der Syr, wou ee mat Panoramaen a sëllege pittoreske Landschaftsbiller verwinnt gëtt.

D’Schong gestréckt a lass, mam Pitt Wagner duerch d’Manternacher Fiels, een Trëppeltour deen esou munch Iwwerraschung ze bidden huet.