De 26. Oktober war de Bill Gates op Besuch zu Lëtzebuerg. Nieft senger Visitt bei der BEI huet de Milliardär sech och mam Lëtzebuerger Premier getraff.

Ma domat net genuch, de Milliardär huet och de Georges Christen, de wuel stäerkste Mann aus Lëtzebuerg, begéint. En Donneschdeg huet de Bill Gates elo op Instagram e Video dovunner verëffentlecht.

Dorënner ass ënnert anerem ze gesinn wéi de Goerges Christen mat de bloussen Hänn eng Pan zesummerullt. De Bill Gates huet sech awer och selwer un der Performance bedeelegt - am Video ass ze gesinn, wéi de Milliardär ganz séileroueg an enger Zort Schaukel sëtzt, déi de Georges Christen da mat den Zänn vum Buedem ophieft.

Am RTL-Interview erzielt de Georges Christen vu senger ongewéinlecher Renconter mat engem vun de räichste Männer vun der Welt. Hie wier fir d'Aktioun vum Bill Gates sengem Team perséinlech kontaktéiert ginn, hätt d'Mail awer am Ufank fir eng Arnaque gehalen.

De Georges Christen iwwert säin Treffe mam Bill Gates