Ongeféier 23 Meter ass en héich, 5 Tonne schwéier an ze bewonnere kritt een en op der Maartplaz am Zentrum vun Iechternach.

Mä vu wou kënnt hire Chrëschtbeemchen a wéi krute se en iwwerhaapt dohinner? Eng gréisser Aktioun, wou mir dëst Joer mat der Kamera dobäi waren.

Alles fänkt zu Bollendorf-Bréck un, nieft der Dikrecherstrooss stoung bis viru kuerzem nach den zukünftege Chrëschtbeemche vun deenen Iechternacher. Et ass all Joer eng gréisser Aktioun, wou bis zu 30 Leit vun der Gemeng a vun den Autoritéiten am Asaz sinn. E puer Stonnen dauert dat Ganzt, ëmmerhi weit de Bam ëm déi 5 Tonnen. Esou huet och misste schwéiert Geschier hier, fir d’Schneiden an den Transport vum zukünftege Chrëschtbeemchen.

Den Henri Brimer war de Proprietär vum Bam, all Joer kënnt d'Gemeng een dovunner bei hie sichen. Dës Beem goufe viru 45 Joer geplanzt an den Henri erënnert sech nach do drun. Leed deet et him awer net, datt dësen elo gehae gouf, well ëmmer nees neier nogeplanzt ginn.

Well de Bam esou breet ass wéi déi komplett Strooss, geet et am Schleekentempo vu Bollendorf-Bréck bis op d'Maartplaz zu Iechternach. Et ass e Spektakel fir d'Leit an d'Awunner, well esou en Transport gesäit een net all Dag, verréit eis den zoustännege Fierschter.

Op senger finaler Plaz ukomm, gëtt en nach esou geschnidden, dass en an d’Lach passt. Bis e gerëscht ass, wäert nach e puer Deeg daueren, an dann dierfe mer eis esou lues awer sécher schonn op Chrëschtdag freeën.