Am Live! sinn e Freideg den Owend dräi Invitéen: de Sänger Thierry Mersch, d'Make-Up Artistin Natalie Goff an den Dr. med. Maximilian Ledochowski.

Den Thierry Mersch kennt een an der Haaptsaach als Sänger, awer entwéckelt sech ëmmer méi zum Extremsportler. De Schoulmeeschter dee Lidder wéi "Meng Hand", "Kleng Kanneraen" oder "Broken Love" zesumme mam Kelly Decker gesongen huet, hëlt säi Lidd "Don't dream it, do it" elo eescht. 2020 hat hie scho bei engem intensive Concours en Training mam Joey Kelly gewonnen, an elo hat hien sech fir den X-Treme Höllencamp zu Montabaur an Däitschland ugemellt, wou hie wärend 30 Stonne vill Strapazen iwwer sech ergoe gelooss huet.

RTL

D'Natalie Goff ass eng Make-Up Artistin déi sech tëscht Paräis, London a New York op der Fashion Week erëmdreift. No éischte Schrëtt als Model an Actrice vu klengen Niewerollen a Filmproduktiounen huet d'Natalie viru 6 Joer eng Formatioun als professionell Maquilleuse gemaach an huet mat grousse Marken zesummegeschafft. Entretemps ass vill geschitt an d'Natalie ass d'ganzt Joer international ënnerwee op der Fashion Week zu Berlin, London, Paräis, Milano an New York a lieft hiren Dram.

RTL

Den Dr. med. Maximilian Ledochowski kennt sech aus mat Intoleranze beim Iessen an huet elo e Buch iwwer "Reizdarm" geschriwwen. Hien huet sech ganz fréi op d'Ernierung spezialiséiert an huet 2008 d'"Akademie für Ernährungsmedezin" gegrënnt, a vun 2004 bis 2010 war hien de Chef vum Service fir Ernierung bei den Universitéitsklinicken zu Innsbruck. Den Dokter Ledochowski huet an der Vergaangenheet scho verschidde Bicher iwwer Intoleranze geschriwwen an am aktuelle Buch "Ist es wirklich Reizdarm" kuckt hien, op dee verierflech ass a wat een dogéint maache kann.

RTL