Um Hochzäitsdag muss alles passen. Vum Kleed, iwwert de Menü bis hin zur Dekoratioun. Den Iddie vun der Koppel sinn u sech keng Grenze gesat.

Tëscht 2019 a 2020 hunn sech manner Leit hei zu Lëtzebuerg bestuet. D'Zuel u Bestietnisser goung ëm bal 16 Prozent erof. 2020 hunn sech 1.803 Leit d'Jo-Wuert ginn. Zejoert ass dës Zuel op 1.945 eropgaangen.

Eng Hochzäit plangen a schlussendlech och feieren, dat kascht. An der Moyenne muss een tëscht 10.000 an 13.000 Euro op den Dësch leeën. Am Verglach: an Däitschland kascht eng Hochzäitsfeier ronn 14.500 Euro. Nieft dem Hochzäitsrank ass d'Kleed nach ëmmer ganz wichteg bei dësem besonneschen Dag.

D'Fra huet an der Moyenne 34,8 Joer wann si sech bestit, de Mann huet 3 Joer méi. An der Moyenne hält e Bestietnis 13 Joer laang.