Den Ierfgroussherzog Guillaume gouf den 11. November 1981 gebuer an ass den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog ernannt ginn.

Den Ierfgroussherzog Guillaume ass dat eelste Kand vun der Grande-Duchesse Maria Teresa an dem Grand-Duc Henri. Hien ass zanter dem 19. Oktober 2012 mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy bestuet.

Den 10. Mee 2020 ass den Ierfgroussherzog eng éischte Kéier Papp ginn. Um 5.13 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte koum den neien Trounfollger Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d'Welt.

Enn September vun dësem Joer koum dunn d'Nouvelle, dass déi ierfgroussherzoglech Koppel en zweet Kand erwaart. Dem Prënz Charles säi Bridderchen oder seng Schwësterche soll am Abrëll 2023 op d'Welt kommen.