Wéi de Business Insider mellt, hätt Adidas d'Zesummenaarbecht mam Kanye West ofgebrach, wéilt awer d'Schong trotzdeem erausbréngen.

D'Zesummenaarbecht mam "Ye", wéi de Rapper jo elo just nach genannt wëll ginn, huet sech fir Adidas zu engem vun de gréisste Flopps aus de leschte Joren erausgestallt. No antisemittesche Haassaussoen huet de Sport Hiersteller seng Zesummenaarbecht mat him gekënnegt, och wann dëst, wéi Adidas selwer gesot huet, den Ëmsaz erofschrauft.

Obwuel de Konzern net méi mam Museker zesummeschafft, wëll ee Schong, déi de Yeezeys ganz änlech sinn, 2023 op de Maart bréngen. Och wann dat dem "Ye" net géif gefalen, esou wier dat rechtlech méiglech, esou e Produit erauszebréngen, well Adidas de Besëtzer vun den Designs ass, ofgesi vun de "Wests Slides".