Déi zu Venedeg gebuere Schauspill-Legend Terence Hill huet däitsch Wuerzelen.

Wie kennt se net, d'Schauspill-Ikone Bud Spencer an Terence Hill? Ma wat wuel déi Mannst wossten, den Terence Hill huet en Deel vu senger Kandheet zu Lommatzsch bei Dresden verbruecht. Elo heescht et deemno "back to the roots". "Meng wonnerbar Mamm an domat och meng Mammesprooch waren immens prägend fir mech. Ech si glécklech, dass ech elo en däitsche Pass hunn", sou den 83 Joer alen Acteur géintiwwer der "Bild"-Zeitung. Et wier fir hien och e Bekenntnis zu senge Wuerzelen.

Fir déi däitsch Nationalitéit ze kréien, huet den Hill misse seng Däitschkenntnisser noweisen an et sief ze bemierken, hie schwätzt dës Sprooch och haut nach fléissend. Och en Certificat de mariage vu senger Mamm war néideg, dee vun Dresden aus huet misse geschéckt ginn.

Gebuer gouf de Mario Girotti, wéi de Fils vun enger Däitscher an engem Italiener mat biergerlechem Numm heescht, awer am italienesche Venedeg, huet awer vun 1943 un e puer Joer an Däitschland gelieft.

Lommatzsch huet iwwregens am Joer 2019  en Terence-Hill-Musée opgemaach.