Mat de Sue soll ënner anerem d'Lutte géint de Klimawandel ënnerstëtzt ginn.

Den Jeff Bezos huet ugekënnegt, de Gros vu sengem Verméige wëllen ewechzeginn. Wéi de Grënner vun Amazon a Blue Origin géigeniwwer der Fernseechaîne CNN sot, wéilt hien de Gros vu sengen 124 Milliarden $ fir d'Ënnerstëtzung vun der Lutte géint de Klimawandel a vun Efforten, fir d'Mënschheet méi no beieneen ze bréngen, ausginn.
Wéi et weider um Bezos a senger Fra Lauren Sanchéz geheescht huet, géife si den Ament u Strukture schaffen, iwwer déi d'Sue solle verdeelt ginn.