De fréieren Animateur vun der "Tonight Show" sot der "Variety", datt en awer okay wier. Hie bräicht eng bis zwou Wochen, fir nees op d'Been ze kommen.

TMZ hat virdru geschriwwen, datt den 72 Joer alen Jay Leno sech e Sonndeg am Gesiicht verbrannt hätt, wéi ee vun den Autoen a senger grousser Sammlung vun historesche Gefierer ugefaangen huet ze brennen. Seng Ae wieren awer net touchéiert ginn.

De Stand-Up-Comedian hat vun 1992 bis 2014 d'"The Tonight Show" op NBC moderéiert, déi e vum Johnny Carson iwwerholl an duerno un den Jimmy Fallon ofginn huet.