Zënter dem 14. November ass den Jimmy Donaldson, besser bekannt ënnert dem Numm "Mr.Beast", dee Youtuber mat de weltwäit meeschten Abonnenten.

Hien domadder de Felix Arvid Ulf Kjellberg aka PewDiePie iwwerholl. 2012 huet de Mr. Beast (24) seng Karriär als Youtuber mat Minecraft-Videoen ugefaangen.

Mëttlerweil ass hien awer virun allem dofir bekannt, verréckten Aktiounen an Challenges ze maachen, wou Leit enorm vill Geld oder deier Präisser wéi Autoen, Haiser oder souguer Insele gewanne kënnen.