Chrëschtdag kënnt mat grousse Schrëtt méi no – an domat och d'Fro: wat schenkt ee Famill a Frënn?

Wärend déi eng am léifste schonn ee Mount am Viraus all d'Kaddoe prett leien hunn, waarden déi aner de leschte Stëppel of. An nach anerer loosse Kaddoe prinzipiell ewech.

Ma wéi een Afloss hunn déi aktuell Präisdeierecht an héich Energiekäschten op de Choix vun de Geschenker? Fale se dëst Joer méi kleng aus? Maacht mat bei eiser Ëmfro.