Ob op der Schueberfouer, um Mäertchen oder um Wantermaart – "de Kugener" ass op vill Kiermesse mat dobäi a wiesselt elo no 25 Joer de Besëtzer.

Op déi nei Proprietärin waarden elo eng ganz Réi Erausfuerderungen, well Forain gëtt ee jo net vun engem Dag op deen aneren.

Fir d'Barbara Agostino fänkt elo en neit Liewen un an et heescht 22 Mann Personal ëm d'Chrëschtzäit a bis zu 120 Leit, déi ee muss op de Fouer geréieren. Si huet awer scho vill Joren Experienz an der Gerance vun engem Betrib - 21 Crèchen huet d'Minetterin geréiert, dovunner 11 selwer opgebaut.

Och op d'Manon Schmit waart elo e Changement. De Kugener huet si viru 25 Joer opgemaach an huet vill Zäit an Engagement an dëse Betrib gestach. Fir den Ufank hëlleft d'Manon dem Barbara nach all Dag, no an no zitt et sech dann awer ëmmer méi zeréck. Et wier dem Manon Schmit no elo einfach Zäit ginn fir e Changement, well d'Liewe vun engem Forain ass definitiv net einfach.

Am Reportage zielen déi zwee eis och, wéi een openeen opmierksam ginn ass a wisou da grad d'Barabara Agostino de Restaurant krut.