Sech e Van kafen an domat duerch ganz Europa reesen - dat ass de Wonsch vu ville Léit. Ma net jiddereen huet de Courage, et och tatsächlech duerchzezéien.

Den Jimmi Braun (och bekannt als Jimmi Harvey) an d'Amii Watson hunn sech dat awer getraut, hunn hier Wunneng opginn, a profitéiere vun hirem jonken Alter, fir dës Aventure unzegoen. Mir hunn déi zwee zu Lëtzebuerg getraff, nodeems se schonn zwee Méint mam Van hannert sech haten. Mëttlerweil sinn déi zwee, déi zu Schieren op hir Rees gestart sinn, nees ënnerwee an hu Griicheland als Zil virun Aen.

Am Viraus ass d'Route och scho genee geplangt ginn an op AirBNB huet een sech déi passend Wunnengen erausgesicht a gebucht. Vakanz ass et keng, well et gëtt och all Dag geschafft an dofir ass et wichteg, datt Appartementer och ëmmer grouss genuch sinn.

Moies um 7 Auer rabbelt de Wecker, et gëtt Sport gemaach an da gëtt geschafft. D'Amii ass Graphikdesignerin an den Jimmi ass Museksproduzent. Béid hunn also och eng Aarbecht, déi ee ka vun ënnerwee maachen. Et brauch ee just e Computer an Internet. "Nomadic Lifestyle" heescht dëse Liewensstil, wou een da wa Feierowend ass eben och nach dovunner profitéiert, fir d’Ëmgéigend ze entdecken.

Si sinn awer och op e Van ugewisen, deen se am Virfeld komplett ëmgebaut haten. Domat transportéiere si alles wat se ënnerwee brauchen. E gëtt awer net am Van geschlof.

Uganks wossten se och net, wéi laang se et géifen duerchzéien. Mëttlerweil si si sech sécher, datt se bis an de Summer 2023 era wäerten ënnerwee sinn.

Wien gesi wëll, wéi d’Liewe vun engem digitalen Nomad dann sou ass, dee fënnt vill Filmer a Fotoen op dem Amii an dem Jimmi hiren Instagram-Accounts.