Den italienesche Star-Designer Alessandro Michele dréint der Luxus-Gamme Gucci de Réck.

De Michele hätt "duerch seng revolutionär Kreativitéit eng fundamental Roll dobäi gespillt, d'Mark zu deem ze maachen, wat se haut ass", huet de franséische Konzern Kering, deem déi italienesch Luxusmark gehéiert, e Mëttwoch matgedeelt.

"Et ginn Zäiten, an deene sech d'Weeër wéinst ënnerschiddleche Perspektiven, déi jiddereen huet, trennen", sou de Kreativdirekter.

D'Zäitschrëft "Women's Wear Daily" huet awer wësse gedoen, dass den Designer d'Firma verlooss hätt, nodeems hie gebiede gi war, eng kreativ Erneierung vun der Mark z'organiséieren.

Den Alessandro Michele war zanter 2015 Kreativdirekter bei Gucci an huet hinnen zu neiem Succès verhollef, nodeems et ferm biergof gaangen ass. Ma an der Lescht ass d'Begeeschterung ënner Branchen-Insider fir seng Kreatioune manner ginn. "Gucci leit ënner Markemiddegkeet, well de Michele zanter siwe Joer ëmmer dat selwecht mécht", sou huet et d'US-Analysenhaus Bernstein formuléiert.