Zesumme mat der US-Down-Syndrom-Gesellschaft huet Mattel elo eng nei Barbie-Popp entwéckelt. Se soll géint sozial Virurteeler virgoen.

Fir eng alleréischte Kéier huet de Spillsaache-Ris Mattel seng Barbie mat Down-Syndrom op de Maart bruecht. Domat wëll een e Bäitrag am Kampf géint d'Stigmatiséierung vu Mënsche mat Handicap leeschten, sou de Konzern en Dënschdeg. Gläichzäiteg erméiglecht et betraffe Kanner, sech mat där Popp z'identifizéieren.

D'Barbie, déi 1959 entworf gouf, spillt zanter jeehier eng wichteg Roll an de fréien Erfarunge mat Kanner an do wéilt een eben uknäppen, dat heescht spilleresch géint e soziaalt Stigma virgoen, sou d'Mattel-Vizepresidentin Lisa McKnight. "Eist Zil ass et, alle Kanner z'erméiglechen, sech an der Barbie ze gesinn a gläichzäiteg Kanner z'encouragéieren, mat Poppen ze spillen, déi net esou ausgesi wéi si selwer".

Déi nei Barbie huet e Gesiicht an e Kierper, deen deene vu Frae mat Down-Syndrom - och bekannt als Trisomie 21 - änelt. D'Gesiicht ass deemno méi ronn, se huet kleng Oueren, eng méi flaach Nues a liicht mandelfërmeg Aen. Hire Rack ass giel mat bloe Faarwen an engem Päiperleksmuster, dat fir d'Ënnerstëtzung fir Mënsche mat Down-Syndrom steet.

An der Vergaangenheet si Barbie-Poppen duerch hir gouereg Figur mat betount weibleche Formen an d'Kritik geroden. Se soll e falscht Bild vermëttelen a Stereotyppe bei Fraen fërderen. Meedercher géifen e falscht Schéinheetsideal virgelieft kréien. Vun deem Image probéiert Mattel zanter Jore fortzekommen an entwéckelt ëmmer méi Barbië mat mënschlecher Villfalt. Antëscht géif et Mattel no schonn 175 verschidde Poppe-Modeller ginn.