E Plat, deen dacks net just iwwer d'Chrëschtdeeg zerwéiert gëtt, mä och op Silvester, ass Raclette. Kéis huet een ëmmer iwwreg.

Lëtzebuergesch Raclette Quesadillas

Fir 2 Persounen

Fir d'Quesadillas:

8 Raclettetranchen
4 mini Tortilla-Wraps
2 Kornischongen
4 Tranchë gereechert Ham
Peffer
Geschmolte Botter, fir ze besträichen

Fir d'Lëtzebuerger "Guacamole":

100g gefruere Gaardebounen (am beschten ouni Haut)
1 Schallott
1 Iessläffel Ueleg
1 Téiläffel Bounekraitchen
1 Iessläffel Sauer Ram
Zitrounezest
Salz a Peffer

Fir d'rout Rommel Salsa:

1 gekachte rout Rommel
2 ageluechte mini Maiskolben
1 Iessläffel ageluechten Ënnercher
1 Téiläffel Moschter
1 Iessläffel Routwäinesseg
2 Iessläffel Rapsueleg
1 Iessläffel Ram
1 Iessläffel gehackten Estragon
Salz a Peffer

Fir d'Guacamole: d'Gaardeboune kuerz am Salzwaasser opkachen, bis se duerch sinn. Ofschëdden an ënnert kalem Waasser ofschrecken, dann an e klenge Mixer ginn. D'Schallott  schielen a reng hacken, mat engem Läffel Ueleg a mat enger Pouz Salz ubrode bis se mëll ass, dono d'Bounekraitchen an der leschter Minutt dobäi ginn. An de Mixer bei d'Boune ginn, zesumme mat Zitrounezest, Salz a Peffer zu enger Crème mixen.

Fir d'rout Rommel Salsa: D'rout Rommel a Wierfel schneiden, de Mais a Scheiwe schneiden an d'Ënnercher an d'Hallschent schneiden. Alles an enger Schossel vermëschen. An enger klenger Schossel de Moschter, Esseg, Ueleg, Ram an Estragon vermëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen. Iwwert d'rout Rommele schëdden an alles gutt vermëschen.

Fir d'Quesadillas: de Bord vum Kéis ofschneiden, an zwou Scheiwen op en Tortilla-Wrap leeën. Eng Kornischong an Tranchë schneiden a se um Kéis verdeelen. Zwou Ham Tranchen dropleeën, dann nach 2 Scheiwe Kéis dropleeën a mat Peffer wierzen. Dann en zweeten Tortilla-Wrap dropleeën. Mat geschmoltem Botter besträichen an de Wrap mat der Bottersäit no Ennen an eng Pan ginn. Mat engem Deckel bedecken an op mëttlerer Hëtzt zwou an eng hallef Minutten ubroden. Den Deckel erofhuelen, d'Tortilla mat geschmoltem Botter besträichen an ëmdréien an eng weider zwou an eng hallef Minutten ubroden, bis de Kéis geschmolt ass.