Hochzäit
Xavier Bettel a Gauthier Destenay gi sech am Mee d'Jo Wuert

© René Scho
De Premier Xavier Bettel a säi Partner, den Architekt Gauthier Destenay ginn de 15. Mee 2015 bestuet.
Vum 1. Januar 2015 u kënne sech jo gläichgeschlechtlech Koppelen zu Lëtzebuerg bestueden.
Am August 2014 war bekannt ginn, datt de Premier sech verlobt hat. "Hien huet mech gefrot, an ech hu Jo gesot", esou de Premier deemools.
D'Koppel ass zanter 2010 gepacst a weist sech zanterhier och zesummen op den offiziellen Evenementer.

© AFP
Am meeschte gelies