An der Lagunestad goufen déi lescht lëschteg Deeg op eng ganz elegant a ganz besonnesch Aart a Weis geféiert.

An dat zitt och all Joers ëmmer erëm vill Lëtzebuerger un. Ënner anerem de Georges Noesen a seng Famill vu Fenteng. Ma si ginn net just fir ze feieren, mä och fir professionell Fotoen ze maachen. Dat ass nämlech dem Georges säi Beruff a grad hei am Karneval kritt hie Motiver, déi e soss néirens kritt.

© Jean-Paul Frisch