Am Kader vum Télévie 2017, huet d'Grande-Duchesse jonk a couragéis Kriibspatienten an der Kannerklinik begéint.

Den 22. Abrëll ass et nees esouwäit, dann ass nees de groussen Télévie-Dag op RTL. E Rendez-vous fir dee sech och 2017 d'Grande-Duchesse Maria Teresa engagéiere wollt. Si huet hire Gebuertsdag mat de klenge Patienten an der Kannerklinik verbruecht.

Wéi ass dës aussergewéinlech Visite ofgelaf? A wéi hunn d'Kanner op dësen aussergewéinleche Besuch reagéiert?