VIDEO: Sandhurst
D'Groussherzoglech Famill an der englescher Haaptstad
D'Groussherzoglech Famill zu Sandhurst (12.08.2017)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Grousse Moment e Samschdeg fir déi groussherzoglech Famill a besonnesch fir de Prënz Sébastien.
D'groussherzoglech Famill huet un der traditioneller Ofschlossfeier vun der Militärakademie zu Sandhurst am Süde vu London deelgeholl. De 25 Joer jonke Prënz Sébastien huet hei zanter September 2016 seng Ausbildung zum Offizéier gemaach.
Nieft sengen houfregen Elteren, dem Grand-Duc an der Grand-Duchesse, an der ierfgroussherzoglecher Koppel hu sech och de Prënz Félix an d'Prinzessin Claire, wéi och de Prënz Louis an d'Prinzessin Alexandra dëse wichtege Moment net entgoe gelooss.
VIDEO: Groussherzoglech Famill zu Sandhurst
An der englescher Haaptstad huet d'Famill un der Ofschlossfeier vun der Militärakademie zu Sandhurst deel geholl.
Am meeschte gelies