E Méindeg virun enger Woch war jo ee Bouf bei engem Accident am Kloterpark vum Park Le'h zu Diddeleng schwéier blesséiert ginn.

Et leeft nach ëmmer eng Enquête, fir genee erauszefannen, wat geschitt ass. De Bedreiwer vum Park hat RTL géintiwwer gesot, de Jong misst d'Sécherheetsgurten iergendwéi manipuléiert hunn. Et kéint awer och sinn, dass et eng Educatrice gewiescht wier.

Um Mëttwoch huet een anere Kloterpark, dee vu Stengefort, deen am Juli 2014 vun engem Donnerwieder zerstéiert gi war, Reouverture gefeiert.

An engem Kloterpark huet d'Sécherheet absolutt Prioritéit. Dat fänkt scho beim fonkelneien Equipement un. 90.000 Euro hätt et kascht. Helmflicht a Ganzkierpergurt sinn och EU-Norm. Et misst ee scho vill dovu verstoen, fir bei dësem Gurt eng falsch Manipulatioun ze maachen, seet de Responsabel vum Stengeforter Park. D'Personal am Park besteet gréisstendeels aus Leit, déi beim CIGL ageschriwwe sinn. Jidderee muss un sëlleche professionell Formatiounen deelgeholl hunn. Si kontrolléiere fréi moies, ob all d'Parcoursen an der Rei sinn. Et gëtt och nom Wieder gekuckt.

D'Visiteure kréien e Video mat de Sécherheetsinformatioune gewisen. Eréischt da geet et op de Parcours. Déi nei Plattformen a Seeler sinn net méi mat de Beem verbonnen, mä mat zolitte Pilieren. Am Buedem abetonéiert. Et ass eng grouss Spillplaz fir all Alter.

De Spaass géif och duerch déi extrem héich Sécherheetsvirschrëften net ze kuerz kommen. Nawell muss all Visiteur duerch dat neit Material eng Manipulatioun méi maachen. Ee Krop muss ëmmer entséchert ginn. Dat geet awer ëmmer eréischt dann, wann deen zweete Krop definitiv zou ass. Kloterfrënn mécht dat awer näischt aus.

Kloterpark Diddeleng

Am Kloterpark op der Le'h zu Diddeleng war ganz rezent jo e Jugendlechen an d'Déift gefall. Bis ewell ass nach net gewosst, wéi et zu dësem Ongléck komme konnt. E Materialschued kéint een awer ausschléissen, seet den Responsabel vum Park, Gilles Franck. Hien huet eis erkläert, wéi hie versicht, der Saach op de Grond ze goen. De Gerant huet eng Theorie: Mir hunn dat direkt op der Plaz getest. An effektiv: Nëmmen e puer Manipulatiounen, an de Knuet war lass. De Jong hätt awer gutt 20 Ateliere gemaach, ier en erofgefall wär, heescht et. Et wëll een awer onbedéngt erausfannen, wat geschitt ass, fir datt dëst ni méi virkënnt.

Et fält op, dass een zu Diddeleng nach ëmmer op dat klassescht Equipement schwiert. Hie géif dat zënter 11 Joer maachen, sou de Gilles Franck. Et géif een och aner Systemer an aner Parken teste goen. Et gëtt dernieft beim Expert nogefrot. Trotzdem géif et fir hien nach näischt besseres ginn.

De Jong, dee gefall war, wär an Tëschenzäit e puer mol operéiert ginn. Hien hätt keng Blessuren um Kapp oder um Réck. Déi Responsabel vum Park op der Le'h wéilten hie geschwënn an der Klinik besichen. De Parquet enquêtéiert.

E Reportage vum Pierre Jans