D'Natascha Bintz ass am Comité vu Miss&Mister Lëtzebuerg. De Gerard Valerius ass e bekannt Gesiicht aus dem Nuetsliewen an elo Besëtzer vun enger Galerie.

D'Natasha Bintz ass Model a war scho bei enge sëlleche Misswahlen mat dobäi. D'Lëtzebuergerin këmmert sech an Zukunft ëm d'Miss an de Mister Lëtzebuerg. Bei deem Concours soll sech nämlech vill änneren.

De Gerard Valerius ass aus dem Nuetsliewe an als lëschtege Braddler um Radio bekannt. Seng wierklech Leidenschaft ass awer d'Konscht an do ass hien elo ënnert d'Galeriste gaangen.

Den Olivier Catani mat engem klenge Portrait vum Gerard Valerius.

Gerard Valerius: Kee gewéinleche Galeriebesëtzer
Vill Leit kennen de Gerard Valerius als King vum Nuetsliewen, d'Konscht huet hien awer schonn als Teenager gepaakt.