3 Deeg laang huet sech am European Convention Center um Kierchbierg alles ronderëm d'Thema vun den Allergië gedréint.

Iwwer 300 Experten a Fuerscher aus der ganzer Welt sinn zesummekomm, fir hir Projete virzestellen an iwwer Traitementer ze diskutéieren. En Thema dat ëmmer méi Leit betrëfft – bis zu 40% vun der Populatioun an Europa sollen eng Allergie hunn.

Iwwer 20.000 Substanze kënnen Allergien ausléisen. Mee wéi eng Molekülle genee fir negativ Reaktioune beim Mënsch responsabel sinn, wëll ee mat Hëllef vun der molekularer Allergologie erausfannen. Nëmmen esou kann een d’Diagnostik an d’Therapie weider bréngen.