Am Palais hat e Mëttwoch de Moien déi groussherzoglech Famill d'Deputéiert aus der Chamber op déi feierlech Neijoerschreceptioun invitéiert.

Wann een am Januar nees op d'Schaff kënnt, gëtt sech emol fir d'éischt alles Guddes am neie Joer gewënscht. A genee d'selwecht ass et e Mëttwoch de Moien och am Palais ofgelaf, wou déi groussherzoglech Famill d'Membere vun der Regierung an der Oppositioun op de feierlechen Neijoerschempfang agelueden hat. Ma wat wënschen Politiker sech?

Et war e Mëttwoch de Moien géint 10.30 Auer wou déi Groussherzoglech an déi Ierfgroussherzoglech Koppel d’Deputéiert aus der Chamber am Palais begréisst huet. Et gouf sech fir Neijoerschdag gewënscht, RTL war awer virwëtzeg a wollt wëssen, wat dann elo d'Virsätz vun onse Politiker fir 2018 sinn.

D'Lydie Polfer erwaart sech opgrond vun de Wahlen e ganzt aktiivt Joer. D'Stader Buergermeeschtesch hofft op en oppenen Dialoge, datt mat villen Argumenter d'Defie kënne ugeschwat ginn, datt de Fairplay respektéiert gëtt an en uerdentlecht Behuelen net vergiess gëtt.

D'Zil Claude Wiseler ass et an de nächste Méint déi néideg Rou ze behalen. Donieft huet sech de Fraktiounspresident vun der CSV virgeholl déi nächst 8-10 Méint déi gutt Laun bäizebehalen.

De Fraktiounspresident vun der LSAP Alex Bodry wëllt sech vum Wahljoer net geckeg maache loossen a weiderhin sachlech a fair Politik maachen.

Dem Henri Kox no hunn déi Gréng a leschter Zäit gutt Aarbecht gemaach an an den nächste Méint wëllt een do weider fueren. Den Deputéierte vun déi Gréng hofft mat Zefriddenheet an eng nei an nohalteg Zukunft fir Lëtzebuerg ze steieren.

Mir halen d’Daumen, datt och all d'Virsätz an d'Wënsch fir 2018 an Erfëllung ginn.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg