D'Kollege vu RAN-Football hu sech fir de Super-Bowl-Media-Day eppes spezielles afale gelooss. Si hunn hire Mataarbechter Kai als Patriot-Spiller verkleet.

De Kai ass grouss, schwéier a gesäit aus, wéi wann hien enger O- oder D-Line an der NFL kéint stoen. Wat mécht een also um Media-Day mat esou engem Mataarbechter?

Richteg!

Et verkleet een hien als NFL-Spiller, an dësem Fall vun den New England Patriots an et léisst een hien iwwer de Media Day lafen a Froe vun de Journaliste beäntweren.

Ma net nëmmen d'Journaliste sinn op hien eragefall. Och verschidde Spiller hunn hirem "Team-Kollege" aus Däitschland eng Fauscht ginn an de Bill Belichick, Trainer bei de Patriots, huet him souguer op d'Fro, "Trainer, wéini dierfe mir heem goen", mat "Du muss nach e bëssen heibleiwen" geäntwert.

Den Däitsche Reporter, deen am Bild war, huet bei sengen amerikanesche Kollegen nogefrot an déi ware sech all eens, datt de Kai e Line-Man ass. Weider huet de Kai och Fotoe mat Fans an anere Spiller gemaach.

Eenzeg dem Devin McCourty ass opgefall, datt de Kai net zu hirer Equipe gehéiert. "Ech kennen dech net, wëlls du mech kidnappen?" war seng Reaktioun op dem Kai seng Ausso, datt et elo Zäit wier, fir ze goen.