E Mëttwoch de Moien huet d'Ierfgroussherzogin Stéphanie déi zweet Editioun vun der Konschtausstellung "De Mains De Maîtres" lancéiert.

Scho bei der éischter Editioun vun der Ausstellung “De Mains De Maîtres” 2016, konnt ee bewonneren, wéi vill Know-How a Kreativitéit d’Lëtzebuerger Konschthandwierk ze bidden huet. D’Ausstellung war mat 10.000 Visiteure bannent 4 Deeg en iwwerraschend grousse Succès.

Si gouf op Initiativ vun der ierfgroussherzoglecher Koppel an d‘Liewe geruff. E Mëttwoch de Moien huet Ierfgroussherzogin Stéphanie, Éierepresidentin vun der “De Mains de Maîtres” Asbl. an der Chambre des Métiers déi zweet Editioun vun der Biennale lancéiert.

VIDEO: Extrait: Ierfgroussherzogin Stéphanie
D'Ausstellung "De Mains de Maître" gouf op Initiativ vun der ierfgroussherzoglecher Koppel an d‘Liewe geruff.

All passionéierte Konschthandwierker, deen zu Lëtzebuerg wunnt oder aktiv ass, ka mat senger Interpretatioun zum Thema “Gestes et Merveilles” eng Kandidatur stellen. Bis den 30.Mäerz.

Vum 28. November bis 3. Dezember 2018 ginn d’Kreatiounen dann am neie Gebai vun der Spuerkeess, der aler ARBED ausgestallt. Méi Informatiounen: www.demainsdemaitres.lu