Wéi Zeien ausgesot hunn, huet d'Gesellschaft béid Spure blockéiert, huet ofgebremst an dunn de Bräitchemann an d'Luucht gehäit.

Vill Automobilisten, déi géint 17.30 Auer um Sonndeg aus dem Flammänneschen Deel iwwer  d'A12 op Bréissel wollte fueren, ware wuel net begeeschter. Op der Héicht vu Meise huet eng Hochzäitsgesellschaft den Trafic ofgebremst, du komplett ausgebremst, fir erauszeklammen an de Bräitchemann ze feieren.

Nieft dësem scho komplett onsënnegem Manöver solle verschidde vun de Chauffeure ganz geféierlech gefuer sinn. D'Police, déi vun aneren Automobilisten alarméiert gouf, koum net mat Zäiten op d'Plaz, ma wéi eis belsch Kollegen awer mellen, huet d'Justiz annoncéiert, datt een amgaangen wier, fir d'Autoen an esou och d'Chaufferen z'identifizéieren. Si riskéieren haart Strofen.

Dat op alle Fall huet de flämesche Mobilitéitsminister op Twitter annoncéiert. De Ben Weyts huet vun engem liewensgeféierlechen Hyper-Egoismus geschwat.