E generatiouns-iwwergräifende Concert hunn d'Schüler aus dem Lycée Michel Rodange e Freideg gebuede kritt.

Et war eng Gospel-Opféierung vu Pensionnairen aus dem Altersheem vun der Rhum, zesumme mat Schüler aus dem Stater Lycée. Zanter 2014 gëtt et de Gospel-Grupp. Wat viru 4 Joer mat 5 Pensionnairen am Altersheem op der Rhum ugefaangen huet, huet sech zu enger fest etabléierter Aktivitéit mat 25 Leit entwéckelt.

Viru 600 Schüler a Proffen hunn déi eeler a jonk Leit zesumme gesongen.

VIDEO: Gospel-Opféierung fir Schüler aus dem Lycée Michel Rodange
E generatiouns-iwwergräifende Concert hunn d'Schüler aus dem Lycée Michel Rodange e Freideg gebuede kritt.