D'Kanddaf war den 9. Juli, eng Woch méi spéit huet de Kensington Palace och d'Fotoe verëffentlecht.

Viru manner wéi 3 Méint koum de Prënz Louis op d'Welt an et gesäit ee kloer, dass sech de Moment alles ronderëm d'Nesthäkche vun de britesche Royals dréint. Mat der Kanddaf ass de klenge Prënz och offiziell op der Plaz 5 vun der Trounfolleg. Elo huet de Palais och endlech d'Fotoe verëffentlecht, déi am Clarence House direkt no der Daf entstan sinn. 

D'Herzogin Catherine ass ganz verléift an hire klenge Prënz, wat ganz däitlech op de Biller z'erkenne ass. Ma och d'Prinzessin Charlotte schéngt ganz begeeschtert vun hirem klenge Bridderchen ze sinn.