Zesummen op Geeschterjuegd goen ...

Eng Dier, déi zouklaakt. Schrëtt a Stëmmen an der Nuecht. Ass et den Duerchzuch? D'Kaz? Oder stiechen dach Geeschter dohannert?

Op der ganzer Welt ginn et Leit, déi sech mam Iwwernatierleche beschäftegen. An e puer doe sech als sougenannte "Ghosthunter" zesummen, fir sech op d'Juegd no Gespenster ze maachen.

Sou och e Grupp aus Däitschland, deen op Besuch zu Lëtzebuerg war.

Mä wéi gesäit d'Aarbecht vun sou "Geeschterjeeër" eigentlech aus? A kréien se, an der Buerg Beefort, et souguer villäicht mat engem Gespenst ze dinn?

De Cedric Kieffer huet se bei hire paranormalen Ermëttlunge begleet.