Ofgekuckt vun Horror-Labyrinthen aus Amerika, huet sech de Jugendtreff zu Käerjeng hiren eegene Labyrinth op Halloween afale gelooss.

Vampiren, Monsteren, Hexen, leschte Mëttwoch war Halloween. Wat virun allem an Amerika e bekannte Brauch ass, gëtt och hei am Land ëmmer méi grouss gefeiert. Zum Beispill mat Motto-Partye fir Erwuessener.

Mä och déi Kléng wëlle sech heiansdo e bësse grujelen. A fir déi huet sech de Jugendtreff zu Käerjeng eppes afale gelooss. Un Halloween war an hirem Jugendhaus alles anescht wéi normal. An engem Spuk-Labyrinth konnten d'Kanner 12 verschidde Spiller matmaachen an dobäi Kamelle gewannen.

Op déi véiert Editioun vun der Zombie Zone sinn iwwer 200 Leit komm.