Nom Motto "Der Globus eiert, Trier feiert" ass e Sonndeg um 11.11 Auer mat der neier Prënzekoppel de Karneval um Kornmarkt lancéiert ginn.

An deem Kontext hat de Buergermeeschter vun Tréier déi zukünfteg Prënzekoppel an der Gemeng empfaangen. A fir eng éischte Kéier kënnt de Karnevalsprënz an d'Prinzessin vu Lëtzebuerg. De Prënz Pierrot an d'Prinzessin Marie-Claire hunn den Oberbürgermeister Leibe zu hirem Éierenadjutant ernannt an him donieft nach déi besonnesch "Narrenkap" an de Faarwe vun Tréier a mam Roude Léiw drop iwwerreecht.

© Steil-TV

Dunn e Sonndeg den 11.11 um genau 11:11 Auer ass dunn hir "Aarbecht" lassgaangen. D'Prënzekoppel, iwwregens ass et déi éischte Kéier an der däitscher Karnevalsgeschicht, datt et et eng Lëtzebuerger Koppel gëtt, regéieren fir ee ganzt Joer iwwert eng Stad. D'Kollege vum Magazin hu si beim Karnevalsufank begleet, wou si um Kornmarkt dem Public virgestallt goufen.

Karneval zu Tréier
Fir déi éischte Kéier gouf et zu Tréier eng Prënzekoppel, déi aus Lëtzebuerg kënnt.