En Dënschdeg war et eng Woch hier, datt mir de Video zougeschéckt kruten a publizéiert hunn.

Dës Publikatioun huet eng gréisser Well am Internet ausgeléist an de Video gouf innerhalb vu 7 Deeg Millioune Mol geklickt.

Wéi de Claude Alff, deen de Video publizéiert huet, eis matgedeelt huet, wier een aktuell, Plattform iwwergräifend, bei engen 12 Millioune Klicks. Ënner anerem ass de Video ze gesinn um Youtube-Kanal vum Claude Alff, awer och um Facebook an Instagram vu LadBible, vum Facebook vu VT, genau esou wéi och bei der Daily Mail.

An dësem Video, dat leschten Dënschdeg an der Victor Hugo Strooss zu Esch gemaach gouf, hat eng Rat d'Situatioun ëmgedréint an huet d'Kaz duerch d'Stroosse gejot.