Zwee Joer gouf geplangt an ëmgebaut, elo ass déi nei Enceinte an der City Concorde prett. En Donneschdeg de Moie mécht de Lifestyle Center seng Dieren op.

De 14. November krut een op Invitatioun schonn en éischten Androck vum neie Look an der City Concorde. Vum 15. un dann dierf och de Grand Public sech e Bild vum Lifestyle Center maachen. De Client huet elo eng Offer vun iwwer 100 Butteker a Restauranten an um ieweschte Stack vun der Concorde e Fitness-Center an déi nei "Skybar", e Bar-Restaurant mat enger Panorama-Terrass. Am Ganzen ass d'City Concorde vu 45 op eng Gesamtfläch vun elo 50.000 Metercarré gewuess.

De gréisste Changement gëtt et awer mam neie Lifestyle Center, wou een am Ganzen 20 nei Enseigne fënnt ronderëm Moud, Gastronomie, Sport, Service, Hobby a Soin. Bis Enn vum Joer an och fir d'nächst Joer sollen nach e puer Nouveautéite bäikommen, wéi zum Beispill eng exklusiv Bijouterie an e Buttek am Beräich Bannendesign.