Zu Freiburg steet aktuell eng Wunneng ze verlounen. U sech keng spektakulär Nouvelle. Just den Titel um Internetsite ass e bëssi speziell.

"Zentrumsnahe 1-Zimmer-Wohnung mit Innen-Balkon in Freiburg".

Jo, dir hutt richteg gelies. "Mit Innen-Balkon", also e Balcon, deen an der Wunneng ass... Bei ronn 27 Quadratmeter Wunnfläch mécht de Balcon dann och nach e bëssen eppes un der Gréisst vun der Wunneng aus. De Balcon huet dann de Virdeel, datt een hei gemittlech ka setzen, ouni all ze kal oder naass ze ginn.

© ImmobilienScout24

Grillen dogéint fält op dësem spezielle Stéck e bësse méi schwéier. Ëmmerhin eppes Guddes huet et. Duerch "d'Fënster" um Balcon kann ee wéinstens e bëssen erauskucken...

De Ausbléck vum Balcon. / © ImmobilienScout24