Wéinst dem dréchene Summer ass d’Natur op ville Plazen op der Kopp, an dat huet anscheinend och en Afloss op eis Haaptdeko fir Chrëschtdag, de Beemchen.

D'Chrëschtbeemercher sinn dëst Joer net esou gewuess, wéi se soss. Dat versprécht méi héich Präisser oder méi kleng Beemercher.

Ass dat wierklech sou?

Vill Dännebeem hunn ënnert der Hëtzt gelidden. Se si méi kleng bliwwen. Vill Beem, ëmmerhi bal 30%, hunn et emol net duerch de Summer gepackt a si verdréchent.