E Freideg waren e Wëssenschaftler, en Dirigent an eng Sängerin zu Besuch am Live!.

De Jean-Paul Bertemes vum FNR wëll d’Fuerschung an d’Wëssenschaft engem grousse Publikum méi no bréngen. Eng gutt Geleeënheet dozou sinn d’”Researchers’ Days”, déi dëse Weekend an der Rockhal sinn. Verkleet als Superjemp huet hien do Experimenter zum Thema “Superhero Science” presentéiert an explizéiert.

De Yannick Genot ass Dirigent vun der “Luxembourg Marching Band”, hien ass zënter der éischter Prouf un dobäi. Nächste Samschdeg (8.12.) huet d’Lumaband zu Déifferdeng hire grousse Gala-Owend.

De selwechten Owend stellt d’Grupp “Go By Brooks” ronderëm d’Sängerin Laetitia Koener an der Escher Kulturfabrik hiren Album “Another Flame” vir. No zwou EPs ass dat hiren éischte ganzen Album.