Säin eegene Logo entwerfen, seng eege Produite verkafen a seng eegen Iddi op de Marché bréngen.
Um Geesseknäppchen duerften d'Schüler hir fiktiv Entreprise vertrieden. Een Nomëtteg laang goufe se vun enger Jury bewäert an duerfte sech e bësse wéi richteg Entrepreneure fillen. Woumat wëllen déi Jonk Sue verdéngen, wéi laang hu se un hiren Entreprisë geschafft a wien huet um Enn gewonnen? Mir ware bei der Finall dobäi.
Dëst ass eng Aktioun vun der asbl "Jonk Entrepreneuren" a soll déi 400 Schüler, déi matmaachen op de Goût vum Entreprenariat bréngen. De ganzen Nomëtteg iwwer huet och de Jury sech déi verschidde Projeten ganz genee ugekuckt. Dräi Proffen an dräi Entrepreneure mussen déi schwéier Decisioun huelen, wéi eng Klass d’Aufgaben am beschte geléist huet.