Eng zweet, verbessert Versioun vun engem Burger, reng op planzlecher Basis an deen no purem Rëndfleesch schmaacht, gouf zu Las Vegas presentéiert.

Fir vill Leit ass e richteg säftege Burger net méi vun hiren Iessgewunnechten ewechzedenken, eng US-Startup wëll déi Leit elo zu Vegetarier ëmerzéien. 2011 gouf d'Firma gegrënnt, déi sech zum Zil gesat huet e Burger z'erfannen, dee ganz traditionell schmaacht, awer reng planzlech ass, dat heescht seng Eegenschafte, wéi beim richtegen Fleesch soll behalen. Dass dat net esou einfach ass, huet wuel och zum Numm vun der Startup gefouert: Impossible Foods.

De Grënner a Biochemiker Pat Brown ass selwer e grousse Fleesch-Fan, awer e Kritiker dovun, wéi e Burger hiergestallt gëtt a wéi een Effekt dat op eis Ëmwelt huet. Ëmmerhin misst d'Produktioun bis 2050, fir de Fleesch, respektiv Eewäiss-Bedarf ze decken, op 470 Milliounen Tonne pro Joer verduebelt ginn. Dofir d'Missioun e Burger z'erfannen, bei deem all Deel - Ausgesinn, Geräisch beim Drabäissen, Geroch, Textur a Goût - e richtege Fleesch-Konsument iwwerzeegt, obschonns et kee Fleesch ass.

© AFP

Elo gouf zu Las Vegas d'Versioun 2.0 presentéiert, ouni Gluten, ouni Hormoner oder Antibiotiken an Halal-zertifiéiert. Donieft war et d'Annonce, dass d'Firma hiren neie Burger a ronn 5.000 Restauranten a Supermarchéë verkeeft. Och e Food Truck hätt "Impossible Foods" sech elo ugeschaaft, fir op technologeschen Evenementer iwwer 12.000 Prouwe vun hirem Burger kënnen un d'Leit ze bréngen. De Pat Brown huet an deem Kader präziséiert, dass ee keng Liewensmëttel-Firma, mä nach ëmmer eng Firma ass, déi sech op Technologie, d'Recherche an d'Developpement spezialiséiert huet.

Ënnerstëtzt gouf d'Burger-Firma ënner anerem vum Microsoft-Grënner Bill Gates. 400 Milliounen Dollar huet "Impossible Foods" zesummekritt fir hire planzleche Burger ze produzéieren, deen aus Proteinnen vu Weess, Soja a Gromperen, Kokosnoss-Ueleg an engem geheimen Ingredient besteet.