Wann et dobausse naass a gro ass, dréckt dat bei ganz ville Leit op d'Stëmmung. Elo huet e Fuerscher erausfonnt, dass d'Aefaarf en Afloss drop huet.

Déi kal a gro Atmosphär dobaussen kann engem wierklech op d'Gemitt schloen, bei munche Leit léist dat souguer eng Wanterdepressioun aus. Eleng an Däitschland solle ronn 800.000 Mënschen vun dëser saisonaler Krankheet betraff sinn.

E Fuerscher a Groussbritannien huet erausfonnt, dass eis Aefaarf kéint en Afloss drop hunn, wéi ufälleg mir fir eng Depressioun sinn. A senger Etüd goufe bal 200 Leit ënner anerem zu hirer Stëmmung, Schlofdauer an hire sozialen Aktivitéiten am Summer an am Wanter befrot. Eraus koum en iwwerraschend Resultat: Déi Leit mat hellen oder bloen Aen hu méi seelen eng Wanterdepressioun. Leit mat brongen, respektiv däischteren Ae si méi ufälleg.

Scho bei fréieren Etüde soll sech dat schonn erauskristalliséiert hunn, dass Leit mat enger däischterer Aefaarf méi dacks depressiv sinn. Dem Fuerscher no kéint e Grond dofir sinn, dass d'Aefaarf fir d'Quantitéit u Liicht responsabel ass, déi d'Ae verschaffe mussen. An anere Wierder Leit mat däischterer Aefaarf huele manner Liicht op, wann et dobaussen zousätzlech méi gro ass, heefe sech d'Stëmmungsschwankungen.