De Prënz William a säi Brudder Harry si verginn, ma elo ass en neie britesche Prënz op der Bildfläch opgetaucht an eruewert déi weiblech Royal-Fans.

De Prënz William a säi Brudder Harry ziele bei de männleche Royals scho laang zu den absolutte Liiblingen an den Dammen. Bis elo! Et ass en anere britesche Prënz, deen d'Häerzer vun de weibleche Royal-Fans méi séier klappe léisst, besonnesch mat sengen Oben-Ohne-Biller am Netz.

Den 19 Joer alen Arthur Chatto war bis ewell onentdeckt um Radar vun de meeschte Fans vum britesche Kinnekshaus. Ma spéitstens mat senge Fotoen op Instagram, op deenen hie sech sengen iwwer 107.000 Abonnente presentéiert, ass hie net méi aus dem Royal-Hype ewechzedenken a kéint an e puer Joer mat sengem Sexappeal déi 2 Prënze William an Harry wäit hannert sech loossen.

Déi neiste Foto vun der aktueller Nummer 25 an der britescher Trounfolleg weist hie bei engem Ausfluch a Schottland. Ob et tatsächlech waarm genuch war, fir ouni Pullover wanderen ze goen, déi Fro wäerte sech besonnesch déi weiblech Fans net stellen. De Jong vun der Lady Sarah Chatto, Duechter vun der verstuerwener Prinzessin Margaret, Schwëster vun der Kinnigin Elizabeth II. dierft seng Grënn gehat hunn.

Voir cette publication sur Instagram

Trekking in the Scottish highlands

Une publication partagée par Arthur Chatto (@artchatto) le

Dass de sexy Kierperbau net vun ongeféier kënnt, weisen déi vill sportlech Fotoen. Sécher géif d'Queen et léiwer gesinn, wann ee vun der royaler Famill méi bedeckt ze gesinn ass, de jonke Prënz schéngt vun de Reegelen um Haff wuel manner ze halen. op mannst ass den Arthur Chatto enger Traditioun trei bliwwen, hie ass op dat selwecht berühmten Eton College gaang, wéi virun him schonn de Prënz William an de Prënz Harry.

Voir cette publication sur Instagram

Did you know I like the gym?

Une publication partagée par Arthur Chatto (@artchatto) le

Aktuell studéiert hien, zesumme mat senger Frëndin, Konschtgeschicht op der University of Edinburgh. Et ass och net verwonnerlech, dass de britesche Prënz, och wann e verginn ass, vu ville Fraen ugehimmelt gëtt.